Neie Rekord an der Formel 1. De Lewis Hamilton gewënnt d'Course a Portugal an ass domat neie Rekord-Gewënner. Op Plaz 2 fiert de Bottas virum Verstappen.

Direkt vum Start ewech hunn d'Spectateuren zu Portimao eng immens interessant Ufanksphas gesinn. Ënnert anerem béid Mercedes-Fuerer hate Problemer, d'Pneuen an deenen éischte Ronnen op Temperatur ze bréngen. Bei liichtem Reen louch esou no 3 Ronnen iwwerraschend de Carlos Sainz a Féierung. De Max Verstappen, deen nom Start de Sergio Perez beréiert hat, krut fir dës Aktioun keng Strof, trotzdeem huet de Red-Bull-Pilot tëschenzäitlech e puer Plaze verluer gehat.

No 10 Ronnen huet sech Course normaliséiert an de Bottas louch virum Hamilton a Verstappen. De Carlos Sainz louch op der 4. Plaz. An der 20. Ronn huet de Lewis Hamilton dunn de Valtteri Bottas konnten iwwerhuelen a seng 1. Plaz vum Qualifying zeréckkämpfen. De Finn hat zu dësem Zäitpunkt e puer Problemer mat senge Pneuen.

D'Course ass dono relativ roueg verlaf. Un der Spëtzt ass alles beim ale bliwwen. De Lewis Hamilton gewënnt d'Course um Algarve-Circuit zu Portimao virum Valtteri Bottas a Max Verstappen.

Nach ni huet e Pilot 92 Courssen an der Formel 1 gewonnen. Bis elo war et de Britt an de Michael Schumacher, déi sech de Rekord mat 91 gewonne Coursse gedeelt hunn.