Fir déi nei Formel-1-Saison sti lo nach 5 Cockpitten op, bis elo waren et der nach 7.

Alfa Romeo huet e Freideg confirméiert, och 2021 mat hiren zwee aktuelle Piloten, dem Finn Kimi Räikkönen an dem Italiener Antonio Giovinazzi, weiderzefueren.

Iwwersiicht vun alle Fuerer an Teams vun der Saison 2021

Mercedes:

De 6. August gouf de Valtteri Bottas fir 2021 confirméiert. Säi Vertrag gouf op 1 Joer verlängert. De Lewis Hamilton huet bis ewell nach kee Kontrakt fir d'nächst Saison ënnerschriwwen.

Ferrari:

Déi 2 Fuerer sti scho fest: De Charles Leclerc a Carlos Sainz, dee vu McLaren eriwwer gewiesselt ass, wäerten 2021 am Cockpit vum Formel-1-Team fueren. Den 12. Mee koum nämlech d'Annonce, dass de Sebastian Vettel a Ferrari nächst Saison getrennte Weeër ginn.

Red Bull:

Bis 2023 bleift de Max Verstappen viraussiichtlech bei Red Bull ënner Vertrag. Wien 2021 säin Teamkolleeg wäert ginn, gouf nach net verroden.

McLaren:

Bei  McLaren wäert nächst Joer en neit Gesiicht ze gesi sinn: Nieft dem Lando Norris fiert den Daniel Ricciardo fir d'Formel-1-Team.

Alpine:

E grousse Comeback feiert de Fernando Alonso. Bis 2022 mat wäert hien am Renault-Team bleiwen. Genausou wéi den Esteban Ocon, deem säi Vertrag bis Enn vun der nächster Saison geet.

AlphaTauri:

Viru Kuerzem huet AlphaTauri de Pierre Gasly als Pilot confirméiert. Als potentiellen 2. Kandidat gëllt de Japaner Yuki Tsunoda. Den Daniil Kwjat wäert säi Cockpit héchstwarscheinlech misse fräimaachen.

Aston Martin:

Ëm 3 weider Joer verlängert gouf dem Sergio Perez säi Kontrakt bei Racing Point. Nodeems d'Zesummenaarbecht awer dëst Joer op en Enn goung, trëtt d'Team vun 2021 als Aston Martin un. De Sebastian Vettel gëtt den Nofollger vum Sergio Perez, déi 2. Plaz goung un de Lance Stroll.

Alfa Romeo:

Vu Säite vun Alfa Romeo koum e Freideg d'Nouvelle, dass de Kimi Räikkönen an Antonio Giovinazzi och 2021 mat um Depart sinn.

Haas:

Anescht wéi déi aner Formel-1-Teams, huet Haas nach kee Fuerer bestätegt. De Romain Grosjean a Kevin Magnussen wäerten net méi op hirer Säit ze gesi sinn. Als potentiell Nofollger gëllen de Mick Schumacher, Nikita Masepin, Sergio Perez oder Nico Hülkenberg.

Williams:

Beim Grand-Prix an Ungarn gouf ugekënnegt, dass den George Russell an Nicholas Latifi wäerten d'Williams-Pilote bleiwen.