Am Porsche Carrera Cup Däitschland gi mam Dylan Pereira a Carlos Rivas och 2 Lëtzebuerger un den Depart. RTL.lu iwwerdréit d'Courssen am Livestream.


Déi 8. a 9. Manche ginn net wéi geplangt zu Zandvoort an Holland gefuer, ma um Lausitzring an Däitschland.

Bei der 8. Manche konnt sech e Samschdeg de Larry ten Voorde mat engem grousse Virsprong d'Victoire um lausitzring sécheren. Den Dylan Pereira ass hannendrun als Zweeten iwwert d'Arrivée gefuer an de Carlos Rivas huet et op déi 11. Plaz gepackt, war awer dee Séiersten an der ProAm-Wäertung.

Virun der 9. Manche huet de den Dylan Pereira 3 Punkte Virsprong op den Hollänner Larry ten Voorde.

An der ProAm-Wäertung ass de Carlos Rivas mat groussem Virsprong Leader vum General, dat mat 195 Punkten. Op Plaz 2 ass de Matthias Jeserich mat 142 Punkten.

Verfollegt all d'Coursse vum Porsche Carrera Cup Däitschland am Livestream op RTL.lu.

Eng séier Ronn um Lausitzring, erkläert vum Carlos Rivas

Porsche Carrera Cup Däitschland - Lausitzring
Eng Ronn am Reen um Lausitzring: D'Streckenerklärung vum Carlos Rivas.

Programm vum Weekend

Sonndeg 1. November um 13.15 Auer bis 14.15 Auer: 9. Course

Sidd op Zack!