Den Dylan Pereira huet d'Féierung am General missen un de Larry ten Voorde ofginn, nodeems et an der Course just fir déi 8. Plaz duergaangen ass.

De grousse Géigner Larry Ten Voorde op der Pole Position, den Dylan Pereira nëmmen op Startplaz 5. Schonn am Qualifying e Samschdeg koum de Lëtzebuerger net richteg zu Wee. De Setup vu sengem 911 GT3 Cup huet him net gedaacht.

Direkt nom Départ vun der Samschdescourse huet hie Plaze gutt gemaach an huet op engem extrem schmierege Circuit alles ginn, fir weider no vir ze kommen.

Et ware schwiereg Wiederkonditiounen um Lausitzring. Vill Piloten hu sech gedréint. Dem Dylan Pereira säin Auto louch besser wéi am Qualifying. An engem behäerzten Duell konnt den Dylan Pereira den Italiener Diego Bertonelli schlussendlech iwwerhuelen.

De Larry Ten Voorde gewënnt dës 1. Manche um Lausitzring, den Dylan fiert mat iwwer 12 Sekonnen als zweeten iwwert d'Arrivée.

Och fir déi 2. Manche e Sonndeg de Mëtteg huet et gereent. An amplaz d'Konkurrenzfähegkeet vu sengem 911 ënner Beweis ze stellen, huet den Dylan Pereira sech gedréint. E Fuerfeeler, wéi hien no der Course huet missten zouginn.

Plaz ëm Plaz huet sech de Sportzaldot rëm no vir gekämpft, huet sech am Auto definitiv net gelangweilt, a konnt um Enn frou sinn, dass en Ausfluch duerch den Noutausgang net bestrooft gouf. Um Enn gëtt hien als 8. klasséiert. De jonke Leon Köhler gewënnt d'Course virum Larry Ten Voorde, deen domadder och d'Spëtzt am Championat iwwerhëlt. Et bleiwen nach zwou Courssen nächste Weekend ze fueren, den Dylan huet 9 Punkte Retard.

De Carlos Rivas ka ganz entspaant op Oschersleben reesen. Um Lausitzring klasséiert hie sech a béide Courssen als 11. an 12, a war domadder zweemol beschten Amateurpilot. Grad wéi d'lescht Joer gewënnt hien och dës Saison d'ProAm-Klassement vum däitsche Porsche Carrera Cup, ass also neien Amateurmeeschter.

Och am däitsche Rennsport ginn am Moment Courssen annuléiert. Nach soll nächste Weekend zu Oschersleben awer gefuer ginn. Et wär dem Dylan Pereira seng lescht Chance, fir sech awer nach géint de Larry Ten Voorde duerchzesetzen, an d'Saison awer nach mam däitsche Championstitel ofzeschléissen.