No 8 Stonnen um Circuit zu Bahrain gouf de Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer mat sengen zwee Coequipieren an de GT-Amateurklass dee 6.

Duerch den Ausfall vum Felipe Fraga hat den Dylan Pereira um Samschdeg déi grouss Chance, fir an der WEC bei der 8-Stonne-Course am Bahrain mat dobäi ze sinn. D'Team "Project1" hat sech fir de Lëtzebuerger als Ersatz entscheet, fir dee soumat ee groussen Dram an Erfëllung goe sollt.

Bei der Course war hie mat senge Coequipiere Ben Keating a Jeroen Bleekemolen an der Kategorie LM-GTE-AM, also der GT-Amateurklass, am Asaz.

No 8 Stonnen um Circuit zu Bahrain konnt de Lëtzebuerger sech mat sengen zwee Coequipieren um Enn op déi 18. Positioun setzen. An der GT-Amateurklass goufe si um Enn déi 6. Dem Pereira säi gréisste Konkurrent, de Larry ten Voorde, war och am Bahrain am Asaz. Den Hollänner gouf mat senge Matfuerer deen 13. a séchert sech domat och d'Victoire am der Amateurwäertung.

Reaktioun vum Dylan Pereira