2. gouf de Max Verstappen op Red Bull, fir den Hamilton blouf um Enn just déi 6. Positioun, Ferrari enttäuscht op en Neits op de Plazen 12 a 14.

Mam Qualifying zu Istanbul an der Tierkei war et um Samschdeg den Optakt vun der 14. Manche vun der Saison.

Bei schwieregen a reenerege Wiederkonditioune war et praktesch onméiglech, fir ee Favorit erauszehuelen, och wann de Max Verstappen op Red Bull déi 3 fräi Traininge fir sech entscheede konnt.

Duerch deen ëmmer méi staark opkommende Reen haten déi Responsabel dann nach am 1. Qualifying keng aner Méiglechkeet, fir d'Qualifikatioun kuerzzäiteg z'ënnerbriech. Wärend dëser Ënnerbriechung haten déi Responsabel genuch Aarbecht, fir dass de Qualifying no ronn 45 Minutten erëm weidergoe konnt.

De Qualifying war allerdéngs net laang relancéiert éirt de Romain Grosjean an enger Kéier vun der Streck ofkoum, an d'Course soumat op en Neits huet missen ënnerbrach ginn.

Um Enn huet ënnert anerem den Danil Kvyat de Sprong ënnert d'Top 15 verpasst gehat. Am Q2 gouf et iwwerdeems och erëm eng Enttäuschung fir Ferrari, dëst well de Sebatian Vettel op Positioun 12 an de Charles Leclerc op Plaz 14 de Sprong an de Q3 verpasst haten. Eng positiv Iwwerraschung gouf et fir Alfa Romeo, déi et fir déi éischte Kéier an dëser Saison esouwuel mam Kimi Räikkönen ewéi och mam Antonio Giovinazzi an den 3. Qualifying gepackt haten.

Um Enn konnt de Lance Stroll iwwerraschend déi schnellste Ronn op de Circuit zu Istanbul bréngen, dëst virum Max Verstappen a sengem Coequipier Sergio Perez.

De Lewis Hamilton, deen als 6. an d'Course um Sonndeg goe wäert, ka sech bei der 14. Manche vun der Saison iwwerdeems fir déi 7. Kéier den Titel sécheren a géif domat mam Michael Schumacher als Rekord-Vainqueur gläichzéien.