E Sonndeg konnt sech de Franco Morbidelli virum Jack Miller an dem Pol Espargaro duerchsetzen. Trotzdeem ass de Réckstand am General net méi opzehulen.

Eng Course virum Enn vun der Saison steet den neie Weltmeeschter scho fest. De Spuenier Joan Mir ass um Circuit zu Valencia op déi 7. Plaz gefuer a feiert domat säin éischten Titel am Moto-GP.

De Franco Morbidelli, dee sech d'Victoire a Spuenien séchere konnt, huet eng Course viru Schluss e Réckstand vun 29 Punkten a muss sech sou am Kampf ëm de Weltmeeschtertitel geschloe ginn.