Bei der leschter Course vun der Saison zu Portimao a Portugal konnt sech de Lokalmatador Miguel Oliveira duerchsetzen.

Nodeems sech de Joan Mir ewell um leschte Weekend zu Valencia zum Weltmeeschter kréine konnt, stoung um Sonndeg d'Finall vun der Saison zu Portimao um Programm.

De Miguel Oliveira konnt no senger Victoire am Qualifying a sengem Heemechtsland vun der Pole an d'Course goen, an dës no engem gudde Start och virum Franco Morbidelli verdeedegen.

De Portugis ass duerno eng souverän Course gefuer a konnt seng Avance Ronn fir Ronn ëmmer weider liicht ausbauen, sou dass hien um Enn eng souverän Victoire feiere konnt. Am Kampf ëm déi zweete Plaz konnt sech den Jack Miller ganz knapp virum Franco Morbidelli duerchsetzen.

Fir de frësch gekréinte Weltmeeschter Joan Mir war et iwwerdeems ee schwaarze Weekend am sonnege Portimao. Hie konnt d'Course wéinst engem technesche Problem net op en Enn fueren.