De Mercedes-Pilot huet sech virum Valtteri Bottas an dem Max Verstappen behaapt.

Um persesche Golf war e Samschdeg de Qualifying vum Grousse Präis vu Bahrain.

No engem Q1 ouni grouss Iwwerraschungen ass et am Q2 fir d'Ekipp vu McLaren eng Schrecksekonn ginn, wéi sech de Carlos Sainz gedréint huet. De Pilot aus Spuenien huet domat seng Chancen op de Q3 misste begruewen. De Sebastian Vettel wéi och säi Partner Charles Leclerc op Ferrari hunn et eng weider Kéier net an d'Top10 gepackt.

Am Q3 huet de Lewis Hamilton op Mercedes nees alles kloer gemaach an huet der Konkurrenz keng Chance gelooss. De Weltmeeschter start domat op der Pole Positioun, virum Valtteri Bottas an dem Max Verstappen ob Red Bull. Op Plaz 4 fiert den zweete Red Bull Alex Albon.

D'Course gëtt e Sonndeg um 15.10 Auer gestart.