D'Course zu Bahrain war no der 1. Ronn ënnerbrach ginn, nodeems den Auto vum Grosjean a Flamen opgaangen an an zwee Deeler gebrach ginn ass.

D'Course zu Bahrain huet e Sonndeg mat enger grousser Schrecksekonn ugefaangen. An der 4. Kéier ass et kuerz nom Depart zu engem schroen Accident komm, wou d'Gefier vum Romain Grosjean duerch eng Kollisioun mat der Leitplank a Flaamen opgaangen, an an Zwee gedeelt ginn ass. D'Course ass doropshin direkt ënnerbrach ginn, zimmlech séier ass dann awer d'Meldung komm, dass dem Fransous bis op e puer kleng Verbrennungen zum Gléck net all ze vill geschitt ass.

No enger annerhallwer Stonn ass d'Course dann nees weidergaangen, ma den nächsten Accident huet net all ze laang op sech waarde gelooss. An der 3. Ronn ass den Daniil Kvyat dem Lance Stroll säitlech dragefuer, sou dass d'Gefier vu Racing Point sech iwwerschloen huet.

Wéi d'Safety-Car nees de Circuit verlooss huet konnt d'Course dann endlech richteg weidergoen. D'Startfeld huet sech no de chaoteschen éischte Ronne gutt duerchgemëscht, ma un der Spëtzt war weiderhin de Lewis Hamilton am Mercedes. Eng weider kéier ass de giele Fändel gewise ginn, wéi de Vettel sech gedréint huet a sou un de Schluss vum Feld gerutscht ass.

Kuerz virum Enn huet dann nach de Racing Point vum Sergio Perez ugefaange mat brennen, deen domat seng 3. Plaz verluer huet. De Lewis Hamilton feiert seng 95. Victoire virum Max Verstappen an den Alexander Albon kënnt duerch den Tëschefall vum Perez als drëtte Fuerer op de Podium.