
© AFP
337 Kilometer goufen e Mëttwoch op Zäit gefuer, an hei konnt den Nasser Al-Attiyah weider Zäit guttmaachen.
Bei den Autoe konnt de Qatari Nasser Al-Attiyah op der längster Etapp vum Dakar Rally 2021 de Réckstand op de Stéphane Peterhansel op ënner 4 Minutte verkierzen.
Gewonne gouf d'Etapp wéi gesot vum Al-Attiyah (Toyota), virum Stéphane Peterhansel um X-Raid Mini an dem Henk Lategan (Toyota).
Am General ass de Fransous Peterhansel weider un der Spëtzt, 3 Minutten an 58 Sekonne virum Al-Attiyah. Op Plaz dräi ass de Carlos Sainz, mat elo scho 35 Minutten an 19 Sekonne Réckstand.
Bei de Motorrieder huet de Fransous Xavier de Soultrait (Husqvarna) déi beschten Affär gemaach. Hien ass de 5. ginn, dat mat engem Retard vu 7 Minutten op de Gewënner Joan Barreda Bort (Honda). Béid Piloten hu vun engem Navigatiounsfeeler vum Toby Price no 80 Kilometer profitéiert.
Am General ass de Xavier de Soultrait elo a Féierung. Hien huet e Virsprong vu 15 Sekonnen op de Barredo Port.
Den Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappen sti bis de 15. Januar um Programm.

Iwwersiicht vun den Etappen
Datum | Start - Zil | Distanz (Km) | Wäertung (Km) |
3.1. | Jeddah - Bisha | 622 | 277 |
4.1. | Bisha - Wadi Ad-Dawasir | 685 | 457 |
5.1. | Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir | 630 | 403 |
6.1. | Wadi Ad-Dawasir - Riyadh | 813 | 337 |
7.1. | Riyadh - Buraydah | 625 | 456 |
8.1. | Buraydah - Ha'il | 655 | 448 |
9.1. | Roudag | - | - |
10.1. | Ha'il - Sakaka (M) | 737 | 471 |
11.1. | Sakaka (M) - Neom | 709 | 375 |
12.1. | Neom - Neom | 579 | 465 |
13.1. | Neom - Al-Ula | 583 | 342 |
14.1. | Al-Ula - Yanbu | 557 | 511 |
15.1. | Yanbu - Jeddah | 452 | 225 |
GESAMT | 7.646 | 4.767 |