De Fransous war deen éischten, deen d'Dakar-Rallye um Motorrad an duerno mam Auto gewonnen hat.

Traureg Nouvelle fir d'Frënn vum Off-Road-Sport. Den Hubert Auriol ass haut am Alter vun 68 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Den Auriol war och vun 1995 bis 2004 Renndirekter vun der legendäerster Wüsterallye.