
© AFP
De Fransous Stéphane Peterhansel (Mini) huet déi 9. Etapp vun der 43. Editioun vun der Dakar Rally gewonnen.
De Fransous hat no de 465 Wäertungskilometer e Virsprong vun 12 Minutten op den Nasser Al-Attiyah (Toyota). Fir de Peterhansel, dee schonn 13 Mol d'Course gewonnen huet, ass et déi éischte Victoire bei dëser Editioun.
Am General läit de Mini-Pilot elo mat engem Virsprong vu 17 Minutten a 50 Sekonnen op den Al-Attiyah a Féierung. Drëtten ass de Carlos Sainz (Toyota), dat mat engem Réckstand vun iwwer enger Stonn.
Bei de Motorrieder war et eng turbulent Etapp. Mam Toby Price (KTM) an dem Luciano Benavides (Husqvarna) hunn direkt zwee Top-Fuerer no Chutte missten opginn. De Kevin Benavides (Honda) huet sech um Enn d'Victoire geséchert. Am General bleift den Ignacio Cornejo (Honda) a Féierung. Hie läit elo 11 Minutten a 24 Sekonne virum Kevin Benavides.
Den Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappe sti bis de 15. Januar um Programm.

Iwwersiicht vun den Etappen
Datum | Start - Zil | Distanz (Km) | Wäertung (Km) |
3.1. | Jeddah - Bisha | 622 | 277 |
4.1. | Bisha - Wadi Ad-Dawasir | 685 | 457 |
5.1. | Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir | 630 | 403 |
6.1. | Wadi Ad-Dawasir - Riyadh | 813 | 337 |
7.1. | Riyadh - Buraydah | 625 | 456 |
8.1. | Buraydah - Ha'il | 655 | 448 |
9.1. | Roudag | - | - |
10.1. | Ha'il - Sakaka (M) | 737 | 471 |
11.1. | Sakaka (M) - Neom | 709 | 375 |
12.1. | Neom - Neom | 579 | 465 |
13.1. | Neom - Al-Ula | 583 | 342 |
14.1. | Al-Ula - Yanbu | 557 | 511 |
15.1. | Yanbu - Jeddah | 452 | 225 |
GESAMT | 7.646 | 4.767 |