De franséischen Amateur-Motorrad-Pilot ass e Freideg am Alter vun 52 Joer verscheet.

Hien ass wärend der 7. Etapp gefall a gouf uerg um Kapp verwonnt. No senger Chute gouf den Husqvarna-Pilot per Helikopter an e Spidol zu Sakaka transportéiert a misst noutoperéiert ginn. Zanterdeem louch hien am kënschtleche Koma.
Dëst ass den éischten Doudesfall bei der Dakar Rally 2021.

De Cherpin ass 4 Mol bei dëser Course matgefuer, eng éischte Kéier am Joer 2009. "Mir geet et net ëm d'Victoire. Ech wëll Landschaften entdecken, déi ech ouni Dakar ni géing gesinn", sot de Fransous virum Depart.