Et war dach eng iwwerraschend Nouvelle um Freideg, wéi den Thierry Neuville via Social-Media matgedeelt huet, dass hien en neie Copilot kritt.

Zanter 10 Joer sinn déi zwee zesumme Rallyen uechter déi ganz Welt gefuer. Elo kuerz virum Rallye Monte-Carlo koum dann d'Info, dass net den Nicolas Gilsoul beim Thierry am Hyundai i20 WRC wäert sëtzen, ma de Martijn Wydaeghe.

De Wydaeghe ass och Belsch a war deslescht de Copilot vum Guillaume de Mevius.

Martin Wydaeghe / © Ketty a Rom Hankes

An engem kuerze Statement seet den Thierry Neuville dem Nicolas Gilsoul Merci fir déi 10 Joer, déi se zesumme verbruecht hunn, an déi schéin Erfolleger, déi se zesumme feiere konnten. Si hunn 13 Rallye-WM-Leef gewonnen, dorënner och de Rallye Monte-Carlo 2020.

Den Nicolas Gilsoul huet op Facebook op d'Annonce reagéiert an e weist sech iwwerrascht. Et wier dem Thierry seng Decisioun gewiescht.