Beim Saisonsoptakt vun der WRC (World Rally Championship) huet de Catering-Chef sech e schwéiere Verstouss géint de Covid-19-Protokoll erlaabt.

De Mann huet den Datum vun zwee PCR-Tester vu sengen Mataarbechter gefälscht. De Catering-Chef huet uginn, dass de Vol vu sengen zwee Mataarbechter reportéiert gouf an dowéinst hir Corona-Tester bei der Arees méi al ware wéi déi virgeschriwwe 96 Stonnen. Amplaz sech ëm nei Tester ze këmmeren, huet hien den Testdatum op den Dokumenter verännert.

Nodeems déi gefälschten Tester engem Covid-19-Mandataire opgefall waren, gouf de Concernéierte wéinst engem Verstouss géint dat sportlecht Reglement vun de Sportskommissäre fir 6 Méint gespaart an dierf wärend der Zäit u kengem WRC-Evenement deelhuelen a gouf mat Effet immédiat aus dem Servicepark gehäit.