Engem Insider no soll sech de siwefache Weltmeeschter mat Mercedes iwwert Konditioune vu sengem neie Kontrakt eens sinn.

Déi Fro selwer soll d'nächst Woch beäntwert ginn. Den neie Kontrakt soll eng Lafzäit vun engem Joer hunn, mat enger Optioun fir eng weider Saison. Trotz Weltmeeschtertitel kritt de Mercedes-Pilot an der Paie näischt bäi. Déi bléift onverännert bei 40 Milliounen Euro d'Joer. Dowéinst soll den Hamilton awer zwou Platzen op sengem Helm kréien, déi hie selwer vermaarte kann.

Donieft steet nach en anert intressanten Detail am Kontrakt. Dem Hamilton säi Co-Ekippier Valtteri Bottas huet fir d'Saison 2021 zwar ënnerschriwwen, mee fir Saison 2022 ass de Cockpit nieft dem Britt nach fräi. Falls den Hamilton decidéiert, nach eng Saison drun ze hänken, wëll hie mat decidéieren, wien mat him mat Mercedes un den Depart goe soll.

De Lewis Hamilton geet als grousse Favorit an d‘Saison, fir säin 8. Weltmeeschtertitel ze gewannen. Falls dat klappt, wier hien neie Rekordweltmeeschter. D'lescht Saison ass de Britt mam däitsche Michael Schumacher gläichgezunn.