Et ass elo offiziell. De Lewis Hamilton huet e Méindeg säi Kontrakt bei Mercedes fir déi nei Saison verlängert.

Et huet jo e bësse gedauert bis de Rekordweltmeeschter an d'Ecurie mam Stär sech eens goufen.

De Britt war 2013 vu McLaren bei Mercedes gewiesselt. D'lescht Saison huet de 36 Joer alen Hamilton säi 7. WM-Titel gefeiert an huet domat de Rekord vum Däitsche Michael Schumacher egaléiert.