An der Formel 1 kënnt de Saisonsstart ëmmer méi no. Nieft Alfa Romeo huet och Red Bull säin neien Auto der Press virgestallt.

Red Bull wëll dëst Joer ugräifen a wëll de Réckstand op Mercedes verklengeren. Hëllefe soll den neien Auto an dat neit Aerodynamik Reglement.

Och Alfa Romeo ass mam Kimi Räikkönen ambitionéiert a wëll sech besser am Feld behaapte wéi déi leschte Saison.