Wéi den ACL Sport um Dënschdeg matdeelt, muss d'Biergcourse Holtz, déi fir de 4. a 5. Abrëll geplangt, an de Juli verréckelt ginn.

Wéinst den aktuelle Covid-Restriktiounen, kënne jo z.B. Belsch Piloten net op Lëtzebuerg areesen. D'Biergcourse vun Holtz zielt nieft dem Lëtzebuerger Championnat och fir dat belscht Championnat. Nieft Piloten, kommen och e sëllegen Offizieller, respektiv Sport-Kommissären am Kader vu sou enger Course op Lëtzebuerg.

Deemno gouf elo decidéiert, d'Course op de 24.-25. Juli ze réckelen, an der Hoffnung, dass sech d'Situatioun bis dohi berouegt huet.