Déi sougenannte Kinnigin vum Nürburgring huet jorelaang géint de Kriibs gekämpft an ass de 16. Mäerz am Alter vun 51 Joer gestuerwen.

D'Sabine Schmitz war bekannt ginn als eng vun de séierste Fraen um Nürburgring. 1996 konnt si zesumme mam Johannes Scheid an dem Hand Widmann op engem BMW M3 "Eifelblitz" als bis elo eenzeg Fra déi legendär 24-Stonne-Course um Nürburgring gewannen.

D'Joer drop konnt se déi Victoire widderhuelen, déi Kéier mam Johannes Scheid, Peter Zakowski an Hans-Jürgen Tiemann.

Nieft hiren Aktivitéiten als Rennfuererin huet d'Sabine Schmitz och Taxi-Faarten am "Ring-Taxi" ugebueden. No eegener Schätzung hätt Si ëm 30.000 Ronnen um Ring gefuer. International gouf se och bekannt, duerch hir Optrëtter an der brittescher TV-Sendung Top Gear, wou se 2016 och Co-Moderatorin ginn ass.

Zanter 2017 huet d'Sabine Schmitz géint de Kriibs gekämpft. Um Mëttwoch koum dann d'Meldung, dass déi sympathesch an engagéiert Pilotin d'Course de 16. Mäerz 2021 géint d'Krankheet verluer huet.