Den Däitsche soll dës Saison fir de Sebastian Vettel a säin Teamkolleeg Lance Stroll bei Aston Martin Entwécklungsaarbecht leeschten.

Den Nico Hülkenberg ass zeréck an der Formel 1. Den Däitsche gëtt Ersatzpilot bei der Ecurie Aston Martin, do wou och de Sebastian Vettel fiert. Den Hülkenberg hat Enn 2019 säi Cockpit bei Renault verluer, dëst Joer soll hie fir de Vettel a säin Teamkolleg Lance Stroll Entwécklungsaarbecht leeschten.

Bei Racing Point, dem Virgängerteam vun Aston Martin, war den Hülkenberg 2020 dräimol agesprongen, well de Sergio Perez an de Stroll wéinst Corona-Erkrankunge gefeelt hunn. "Natierlech hoffen ech, dass de Sebastian an de Lance dëst Joer eng komplett Saison hunn, mä d'Ekipp weess, datt si sech doropper verloosse kënnen, datt ech asprangen an eng gutt Leeschtung bréngen", sou den Hülkenberg. "An ech si voll a ganz bereet, mech dëser Erausfuerderung ze stellen."

Fir de Racing-Point-Virgänger Force India souz den Hülkenberg 2012 wéi och vun 2014 bis 2016 am Cockpit.