Zweete gouf de Sergio Perez virum Max Verstappen, déi soumat mat 2 Red-Bull-Autoen ënnert d'Top 3 koumen.

Um Samschdeg stoung an der Formel 1 de Qualifying vum Grousse Präis an der Emilia-Romagna um Programm. Nodeems sech de Valtteri Bottas an den éischten zwee Trainingen duerchsetze konnt, war et am 3. fräien Training den Hollänner Max Verstappen, dee sech d'Beschtzäit séchere konnt.

Nom éischten GP vun der Saison am Bahrain, dee vum Weltmeeschter Lewis Hamilton an engem spannenden Zweekampf géint de Max Verstappen gewonne gouf, gouf sech och virum zweete Qualifying vun der Saison eng enk Entscheedung erwaart.

De Q1 hat allerdéngs mat enger Schrecksekonn ugaangen. Fréi war de Japaner Yuki Tsunoda mat sengem Alpha Tauri kollidéiert. Den Auto vum jonke Fuerer war esou beschiedegt, dass hien net weider fuere konnt.

Eng gréisser Iwwerraschung gouf et dann am Q2, bei deem ënnert anerem de Carlos Sainz mat sengem Ferrari als 11. ausgescheet ass. Och de Sebastian Vettel op Aston Martin huet als 13. de Sprong an d'Top 10 verpasst.

Um Enn war et de Britt Lewis Hamilton, dee sech d'Pole séchere konnt. De Rekordweltmeeschter konnt sech géint déi zwee Red-Bull-Fuerer Sergio Perez a Max Verstappen duerchsetzen. Et war dem Hamilton seng 99. Pole vu senger Karriär.

D'Course gëtt e Sonndeg vu 14.20 Auer u live op RTL.lu iwwerdroen.