Scho méi laang gouf driwwer spekuléiert, elo ass et offiziell: d’Formel 1 test schonn dëst Joer déi sougenannte Sprint-Qualifikatioun.

Normalerweis decidéiert sech d’Startopstellung vun engem F1-Grand-Prix um Samschdegnomëtteg. Dee Pilot, deen déi séierste Ronn fiert, start vun der Pole. D’Formel 1 wëllt awer fir méi Action op der Piste suergen an dofir gëtt elo déi klassesch Qualifikatioun duerch eng Course iwwert 100 Kilometer ersat. D’Klassement vun deem "Sprint Qualifiying" definéiert dann d’Startopstellung vum Grand-Prix. Déi dräi éischt vum Sprint-Quali ginn zousätzlech mat WM-Bonuspunkte belount (3-2-1).

D’Startopstellung vum Sprint-Quali decidéiert sech an engem klassesche Qualifying (Q1, Q2 a Q3) um Freidegnomëtteg. Am Géigenzuch fält ee fräien Training ewech. Et goufen och méi innovativ Iddien diskutéiert, wéi beispillsweis d’Piloten am Sprint-Quali am ëmgedréinte WM-Klassement fortfueren ze loossen. Mä géint dëse "Reverse Grid" hu virun allem déi grouss Teams hire Veto ageluecht.

Dat neit Format am Iwwerbléck:

Freides: éischten Training (60 Minutten) & Qualifying

Samschdes: zweeten Training (60 Minutten) & Sprint-Qualifying (100km)

Sonndes: Grand-Prix (300km)

Dëst neit Format soll dëst Joer bei dräi GP getest ginn. Offiziell schwätzt d’F1 an hirem Communiqué vun zwou Courssen an Europa an enger Course ausserhalb vun Europa. Experten tippen op Silverstone, Monza an Interlagos. Wann de Bilan positiv ausfält, soll dat neit Quali-Format fir 2022 nach weider ausgebaut ginn.

RTL Lëtzebuerg wäert den neie Sprint-Qualifying grad ewéi all déi aner Seancë live iwwerdroen.