Dëse Weekend ass nees eng vun de beléiftsten a schwieregste 24-Stonne-Courssen, dëst an der sougenannter "Grünen Hölle" um Nürburgring.

Bei dëser traditioneller Course, bei där mat déi beschte Piloten aus der GT3-Zeen um Depart sinn, fuere Joer fir Joer och ëmmer nees Pilote mat Lëtzebuerger Lizenz mat. Do mécht 2021 keng Ausnam.

Mat dobäi sinn (de Startnummeren no)

Yann Munhowen an Alain Pier um Porsche 718 Cayman GTS mat der Startnummer 86.
Daniel Bohl um KTM X-BOW GT4 mat der Startnummer 110.
Mike Schmit op Porsche Cayman mat der Startnummer 142.
Charles Oakes op BMW M240i Racing mat der Startnummer 242.
Charles Kaufman op Porsche 911 GT3 Cup II mat der Startnummer 320.
Carlos Rivas och op Porsche 911 GT3 Cup MR mat der Startnummer 350.

Programm

E Freideg um 15.30 Auer ass den 3. Deel vum Qualifying, éier um 18.30 Auer dann den Top Qualifying 1+2 ass, wou déi definitiv Startopstellung decidéiert gëtt.

E Samschdeg um 11.30 Auer ass de Warm-Up. Um 14.15 Auer ass d'Startopstellung an um 15.30 Auer ass dann den Depart vun der 49. Editioun vun der 24-Stonne-Course.