Wéi den japanesche Constructeur an engem Communiqué matdeelt, wëll ee sech schonn um Ënn vun der lafender Saison aus der Competitioun zeréckzéien.

"Duerch déi aktuell wirtschaftlech Situatioun" a "grouss Verännerungen an der Automobilbranche", sou heescht et am Communiqué, "fillt sech Suzuki gezwonge fir nei Technologien z'entwéckelen". Rumeuren iwwert ee méiglechen Ausstig vu Suzuki aus der MotoGP sinn Ufanks Mee iwwerraschend opkomm.

Schonn 2011 huet Suzuki d'Motorrad-Kinneksklass verlooss, ier een 2015 zeréckkomm ass.