De Finn bleift domadder weider souverän Leader am WM-Klassement.

De Finn Kalle Rovanpera huet e Sonndeg déi 4. Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft gewonnen. Den Toyota-Pilot huet sech bei der Rallye Portugal virum Elfyn Evans (Toyota) an dem Dani Sordo (Hyundai) duerchgesat. Si haten e Réckstand vu 15 Sekonnen respektiv zwou Minutten a 17 Sekonnen.

Fir de Rovanpera ass et déi drëtte Victoire noneen an dëser Saison.

Am WM-Klassement huet de Rovanpera un der Spëtzt 106 Punkten. Den Thierry Neuville (Hyundai), deen a Portugal 5. ginn ass, huet als 2. 60 Punkten an 3. ass den Takamoto Katsuta (Toyota) mat 38 Punkten.

Als nächst gëtt d'Rallye op Sardinien gefuer (19.5 - 22.5).