De Brendon Hartley huet zesumme mam Sebastien Buemi an dem Ryo Hirakawa d'24 Stonne Course vu Le Mans gewonnen. 380 Ronne goufe gefuer.

Domat goufen 9 Ronne méi gefuer wéi nach am Joer 2021. Iwwerdeems huet bei der 90. Editioun an der GTE-Pro-Kategorie Porsche mam Frederic Makowiecki gewonnen. Sie setzen sech virun deenen zwee AF-Corse-Ferraris duerch.