Den Hollänner wënnt virum Carlos Sainz an dem Lewis Hamilton déi 26. Course a sengem 150. Grand Prix.

De Max Verstappen huet sech d'Victoire am Grousse Präis vu Kanada geséchert. De Red-Bull-Pilot huet sech trotz dräi Safety-Car-Phasen d'Féierung net huele gelooss a sech um Enn virum Carlos Sainz an dem Lewis Hamilton behaapt. Säin Teamkoleeg Sergio Perez huet säin Auto allerdéngs scho kuerz nom Depart missen ofstellen an och de Mick Schumacher ass d'Course eng weider Kéier net op en Enn gefuer. Iwwerdeems war d'Course fir de Yuki Tsunoda éischter eriwwer wéi erwaart.

Scho virum Depart huet sech d'Fuererfeld zu Montreal ongewinnt vermëscht gewisen. Aus der éischter Start-Rei war sou de Fernando Alonso lassgefuer, dee seng zweet Plaz kuerz nom Start géint de Carlos Sainz zwar nach verdeedegt krut, e puer Ronne méi spéit dann awer net méi mat sengem spuenesche Landsmann mathale konnt.

Och a Kanada huet den éischte virtuelle Safety Car net all ze laang op sech waarde gelooss. De Sergio Perez hat Problemer mat sengem Auto a war sou als éischte Pilot aus der Course eliminéiert. Dobäi sollt et awer net bleiwen, wéi och de Mick Schumacher nëmme puer Ronne méi spéit duerch en technesche Problem säin Auto op d'Säit stelle misst an domat en zweet virtuellt Safety Car beruff gouf.

Un der Spëtzt louch weiderhin de Max Verstappen, deen de Carlos Sainz am Ferrari Ronn fir Ronn op sécherer Distanz hale konnt. Awer och de Charles Leclerc, dee vun der 19. Plaz un den Depart gaange war, huet sech mat der Zäit säi Wee no vir gekämpft. 21 Ronne viru Schluss stoung dann awer rëm e Stéck Spannung fir d'Schlussphas an Aussiicht, nodeems de Yuki Tsunoda säi Gefier no der Sortie vun der Boxegaass an d'Mauer gesat huet. Doropshin ass de Safety-Car op de Circuit geruff ginn a sou huet sech d'Fuererfeld fir déi lescht puer Ronnen nees zesummegezunn.

De Max Verstappen huet dat allerdéngs net wierklech beandrockt. A sengem Red Bull huet hien de Carlos Sainz net laanschtzéie gelooss a séchert sech domat um Enn d'Victoire zu Montreal. Mercedes kann iwwerdeems mat de Plazen 3 a 4 wichteg Punkte sammelen an op e relativ gudde Weekend zréckkucken.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

D'Klassement vum FORMULA 1 AWS GRAND PRIX DU CANADA 2022

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL