Wéi et schéngt, hätt Alpine ouni Zoustëmmung vum Piastri de jonken Australier als Nofollger vum Fernando Alonso ernannt. Alpine gesäit dat anescht.

Den 21 Joer ale Piastri war zanter dëser Saison schonns Ersatzfuerer bei Alpine. Nodeems e Méindeg annoncéiert gouf, datt de Fernando Alonso fir d'Saison 2023 vun Alpine bei Aston Martin wiesselt, hat déi franséisch Ecurie schonns e Successeur fonnt. Et war d'Annonce, dass den Australier Oscar Piastri d'Cockpit vum Fernando Alonso fir d'Saison 2023 géing iwwerhuelen.

En Dënschdeg den Owend huet sech den 21 Joer jonke Pilot op Twitter selwer zu Wuert gemellt a geschriwwen: "Alpine F1 huet ouni meng Zoustëmmung am spéiden Nomëtteg eng Pressematdeelung verëffentlecht, där no ech nächst Joer fir si fueren. Dat ass falsch, ech hu kee Vertrag mat Alpine fir 2023 ënnerschriwwen". Hien huet säi Standpunkt däitlech gemaach: "Ech wäert nächst Joer net fir Alpine fueren."

Alpine huet um Mëttwoch de Moie reagéiert a steet weiderhin zum Twitter-Post. Si wieren der Meenung, dass hir Matdeelung rechtlech korrekt wier, esou e Spriecher vun Alpine géintiwwer der BBC.

De Piastri war fir d'Saison 2021 an d'Formel 2 gewiesselt a war do direkt a sengem éischte Joer Weltmeeschter ginn. Am Januar 2020 war hie schonns an d'Renault Sport Academy opgeholl ginn. Aktuell ass hien Ersatzfuerer fir Alpine.

Nieft dem WM-Titel an der Formel 2 huet hien och Titelen an der Formel Renaul Eurocup (2019) an an der Formel 3 (2020) gewonnen.