
Dëse Samschdeg gouf um Nürburgring déi 7. Manche vun der Nürburgring-Langstrecken-Serie gefuer. Den Dylan Pereira war de Start um 12 Auer gefuer, vu Plaz 5 aus. Hien ass ee Stint gefuer, éier hien den Auto un de Patrick Assenheimer iwwerginn huet. Hien an den Tobias Müller hu sech den Auto fir de Rescht vun der 6-Stonne-Course gedeelt.
Den Dylan ass no sengem Stint zesumme mat sengem Papp a Richtung Magny-Cours gefuer, wou hien um Samschdeg den Owend an der GT World Challenge Europe nach um Audi R8 LMS GT3 an den Asaz muss. Hie konnt deemno net bei der Podiumszeremonie um Nürburgring dobäi sinn, huet d'Course awer am Livestream verfollegt. Op der Arrivée hunn den Tobias Müller an de Patrick Assenheimer gesot, den Dylan hätt scho via Facetime mat dem Team gefeiert. Si géifen hien den Owend dann och ufeieren, wann hien zu Magny Cours am Asaz ass.
Gewonnen huet Mercedes AMG GT3 mat der Startnummer #80 viru BMW M4 GT3 Evo mat der #77. Plaz 3 war wéi gesot fir d'Lëtzebuerger Team mat der #48, mat knapps enger Minutt Réckstand op de Gewënner, dat no 6-Stonne-Course. Dëst ass e super Resultat fir den Dylan Pereira an d'Team48 Losch Motorsport. Si hunn domadder weider Chancen op den Titel an der PRO-AM-Kategorie.
Den 12. an 13. September ginn direkt zwou Manchen an der NLS op engem Weekend gefuer, jeeweils Coursse vu 4 Stonnen.