Zu Outrivje konnt d'Lëtzebuergerin ënnert 155 Konkurrentinnen op eng exzellenten drëtte Plaz fueren.

D'Claire Faber, dat dee leschte Weekend nach eng 6- Deeg-Course zu Hong Kong op der Piste gefuer ass, koum e Samschdeg zu Outrivje an der Belsch op eng ganz gutt 3. Plaz ënner 155 Konkurrentinnen. Domat ass dat deen 2. Podium bannent enger Woch fir déi nei Ekipp Andy Schleck Cycles - Immo Losch.

D’Course gouf am Massesprint vun der aktueller britescher Championne Jessica Roberts gewonnen. Zäitgläich iwwer d'Ligne d'Arrivée ass iwwerdeems och d'Elise Maes gefuer, si koum op déi 15. Positioun.

3 Minutte Retard hat d'Laurence Thill a koum domat op déi 112. Plaz.