Lëtzebuerg huet ee weidere Profi-Coureur ... vun elo un.

Den 22 Joer ale Kevin Geniets huet nämlech e Kontrakt bei der franséischer World-Tour-Ekipp Groupama-FDJ ënnerschriwwen. An dat fir dës an och déi nächste Saison.

Normalerweis dierft de Kevin Geniets de 5. Abrëll, bei der Route Adélie de Vitré, eng éischte Kéier un den Depart mat senger neier Ekipp goen.

Bis elo ass de Kevin Geniets fir d'Kontinentalekipp "La Conti Groupama-FDJ" gefuer.