E Samschdeg stoung an Italien déi 110. Editioun vum Klassiker Mailand-San Remo um Programm.

Résumé vun der Course 

Direkt nom Depart huet sech e Grupp vun 10 Coureuren ofgesat a sech tëschenzäitlech e Virsprong vu ronn 8 Minutten erausgefuer. Mat der Zäit ass dee Virsprong awer ëmmer méi kléng ginn. D'Poursuivanten, dorënner och de Jempy Drucker, hunn de Réckstand bis op 3 Minutte 57 Kilometer virum Zil verkierzt.

Méi spéit ass de Grupp vun de Poursuivanten awer nees agefaange ginn, dorënner och de Jempy Drucker, deen d'Course am Peloton fäerdeg gefuer ass.

Kuerz viru Schluss ass vum Spëtzegrupp da just nach ee Coureur iwwreg bliwwen. De Fausto Masnada aus Italien hat awer nach gutt 35 Kilometer ze fueren an hat domat och keng Chance bis zum Schluss eleng un der Spëtzt duerchzehalen.

Ronn 7 Kilometer virum Zil huet sech dann nach eng Kéier e Grupp vu 7 Coureuren ofgesat, an deem sech zum Schluss de Julian Alaphilippe am Sprint duerchsetze konnt a sech sou als Gewënner vum Klassiker Mailand-San Remo feiere loosse kann.