D'Gesamtvictoire bei der 99. Editioun vun der Volta a Catalunya ass fir de Miguel Angel Lopez vun Astana.

Op der leschter Etapp vum Tour duerch Katalounien goung et iwwer 143 Kilometer vu Barcelona op Barcelona. Am éischten Deel vun der Course goung et virun den Diere vun der Katalanescher Haaptstad, ier d’Cyclisten am zweeten Deel an d’Stad eragefuer sinn. Hei hu si missen aachtmol den Alt de Montjuic – ee Bierg vun der 3. Kategorie – hannert sech
bréngen.

De Ben Gastauer gouf de 40., dat mat engem Réckstand vun 2 Minutten a 25 Sekonnen. Am General ass de Lëtzebuerger op der 55. Positioun gelant.

Den Italiener Davide Formolo vu Bora-hansgrohe konnt sech en solitaire 51 Sekonne virum Enric Mas duerchsetzen. Op déi 3. Plaz ass de Maximilian Schachmann och vu Bora-hansgrohe gefuer - säi Réckstand louch um Enn bei 53 Sekonnen op den Éischten.

Klassement vun der leschter Etapp

1 Davide Formolo (Ita) Bora - Hansgrohe 3:19:41
2 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:00:51
3 Maximilian Schachmann (GER) Bora - Hansgrohe 0:00:53
4 Dion Smith (NZl) Mitchelton - Scott 0:00:55
5 Alejandro Valverde (Esp) Movistar Team 0:00:55
6 Egan Arley Bernal Gomez (Col) Team Sky 0:00:55
7 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:00:55
8 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 0:00:55
9 Steven Kruijswijk (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:55
10 Michael Woods (Can) EF Education First 0:00:55
...
40 Ben Gastauer (Lux) AG2R La Mondiale 0:02:25

Schlussklassement

1 Miguel Angel Lopez Moreno (Col) Astana Pro Team 29:14:17
2 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:00:14
3 Egan Arley Bernal Gomez (Col) Team Sky 0:00:17
4 Nairo Alexander Quintana Rojas (Col) Movistar Team 0:00:25
5 Steven Kruijswijk (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:56
6 Michael Woods (Can) EF Education First 0:01:42
7 Rafal Majka (Pol) Bora - Hansgrohe 0:02:27
8 Guillaume Martin (Fra) Wanty - Gobert Cycling Team 0:02:41
9 Enric Mas Nicolau (Esp) Deceuninck - Quick Step 0:02:49
10 Alejandro Valverde (Esp) Movistar Team 0:03:02
...
55 Ben Gastauer (Lux) AG2R La Mondiale 0:36:50