De Claude Rach schafft bei Amaury Sport Organisatioun am Beräich “Strategies et developpements”.

De Lëtzebuerger hëlleft virun allem grouss international Sportprojeten an Evenementer z’entwéckelen. Säin aktuellste Projet ass d'Deutschland Tour, wou hien de Chef-Organisateur ass, a wou et drëms geet de Vëlosport bei eisen däitschen Noperen nach méi ze fërderen an ze promouvéieren. De Frank Elsen huet de Claude Rach begleet a krut een Abléck an d’Beruffsliewe vum gebiertegen Escher.

Zanter 7 Joer schafft de Claude Rach fir déi franséisch Entreprise ASO, déi ënnert anerem Vëloscourssen ewéi den Tour de France, de Marathon zu Paräis an de Rallye Dakar organiséiert. Seng Missioun ass et nei Evenementer z’organiséieren a Marchéen opzemaachen. Dem Claude Rach säin aktuellste Projet ass d'Deutschland Tour, wou et drëms geet, een ale Marché zeréckgewannen.

Am Beräich vun de Sportsevenementer, déi baussent de Stadien organiséiert ginn, huet d'ASO weltwäit eng eenzegaarteg Expertise, esou de Claude Rach. Dës international Erfahrung géif een ebe probéieren, esou gutt ewéi méiglech ze notzen. An deem Ëmfält wär et dann och wichteg, e puer Sproochen ze schwätzen, betount de gebiertegen Escher.

No enger Paus vun 10 Joer gouf zejoert déi gréissten däitsch Vëloscourse nees organiséiert. D'Deutschland Tour soll deemno bis 2028 organiséiert ginn, mat enger Optioun fir weider 10 Joer. Den Ament notze vill Leit an Däitschland de Vëlo, fir vun A op B ze fueren. A genee dës Leit wéilt een nach méi fir d'Deutschland Tour begeeschteren, heescht et vun der ASO. Et wëll een ënnert anerem de Vëlosport bei eisen däitschen Noperen nach méi fërderen an där däitscher Generatioun vu Coureuren eng gewësse Plattform ginn.

De Claude Rach huet awer och gehollef d’Artic Race of Norway an d’Liewen ze ruffen, eng Etappecourse ronderëm de Polarkrees. De Lëtzebuerger huet op der School of Economics zu London, grad ewéi op der HEC zu Lausanne Economie studéiert. Schonn ëmmer war de Sport fir hien eng Passioun. Besonnesch d’Etuden hätten dem Claude Rach eng Basis ginn, ewéi een eng Entreprise international entwéckelt.

De Claude Rach an den Loic Hoscheit organiséieren deemno zesummen d'Deutschland Tour a wëllen dann och an Zukunft de Vëlosport an Däitschland nach besser promouvéieren.