E Sonndeg hat de Lëtzebuerger bei der 22. Editioun vum Kellerwald Bikemarathon iwwer 120 Kilometer e gudden Dag erwëscht.

No 5 Stonnen 4 Minutten an 32 Sekonnen huet sech e Sonndeg de Mëtteg de Sören Nissen d'Victoire beim Kellerwald Bikemarathon an Däitschland d'Victoire geséchert. De Lëtzebuerger hat no den 120 Kilometer an 3.500 Héichtemeter e Virsprong vun 3 Minutten an 59 Sekonnen op de Belsch Joris Massaer, de belsche Champion vun 2014. Um Podium stoung nach de Peter Hermann aus Däitschland mat engem Retard vun 4 Minutten an 31 Sekonnen.