E Freideg war d'Claire Faber beim Condor Good Friday Track Meeting zu London op der Pist am Asaz.

No enger gudder Course am Scratch, wou et déi 2. Plaz ginn ass, huet d’Claire Faber d’Course vun der Eliminatioun an de Sand gesat. An der Punkte-Course huet d’Lëtzebuergerin sech mat enger 2. Plaz zeréckkaf, fir um Enn awer eng gutt 5. Plaz erauszefueren.

© Jimmy Wagner