Zanter 2018 gëtt et am Vëlossport eng Regionalekipp fir jonk Coureuren, déi et net direkt an eng gréisser Ekipp gepackt hunn ze ënnerstëtzen.

Ënner dem Impuls vum René Thill ass esou d'Struktur Jonk Léiwen entstanen. Hei hunn déi jonk Nowuesssportler d'Méiglechkeet sech weider ze entwéckelen a bei internationale Coursse weider Erfarungen ze sammelen.

Mir hunn déi jonk Coureuren an hire Staff bei der Ardenne-Challenge hei fir an der Belsch besicht.

Fir déi jonk Léiwen war d'Course an der Belsch déi éischt Etappe-Course vun der Saison. Déi zwee Espoire Gilles Kirsch a Cédric Pries sinn déi 5 Etappen op een Enn gefuer a konnte sech um Enn op de Plazen 29 an 39 placéieren. Am Klassement vun den Espoire sinn et d'Plazen 11 an 13.