Déi zwee Cycliste vum LG Alzingen - Trisport kommen no 3 Deeg Course op déi gutt 13. Plaz bei der Vuelta Ibiza am Mountainbike.

Op de Plaze virun hinne sinn nëmme Profie gelant. Et waren och e puer al Vedetten um Depart wéi de Joaquim Rodriguez an den Haimar Zubeldia oder och nach den David Lopez.

Mam Aleix Espargaro war dann nach ee bekannte Mann mat vun der Partie. Deen ass allerdéngs net bekannt duerch de Cyclissem, ma duerch de Motorsport. Hie fiert MotoGP. Bei der Vuelta Ibiza huet hien allerdéngs e Samschdeg op der Kinneksetapp opginn.

Déi 3 Deeg iwwer gouf et bei ronn 15 Grad vill Reen a Stuerm, esou dass et relativ schwéier Wiederkonditioune waren.