Mat enger knapper Avance u 5 Sekonnen op den Geoghegan konnt sech den Italiener op der drëtter Etapp behaapten.

Et goung vu Salorno op Salurn-Baselga di Piné, dat iwwer just 106,3 Kilometer. Eng Grupp vun 12 Leit hat sech ofgesat, koum awer ni iwwer 3 Minutten Avance eraus. De Leschte vun hinne gouf dann och eréischt an der leschter Montée vum Dag agefaangen an et war de Fausto Masnada, dee sech um Schluss konnt behaapten.

Klassement vun der drëtter Etapp

1 Masnada Fausto Androni Giocattoli - Sidermec 2:58:08
2 Geoghegan Hart Tao Team Sky 0:05
3 Majka Rafał BORA - hansgrohe ,,
4 Nibali Vincenzo Bahrain Merida ,,
5 Cataldo Dario Astana Pro Team ,,
6 Vlasov Aleksandr Gazprom-RusVelo ,,
7 Sivakov Pavel Team Sky ,,
8 Hirt Jan Astana Pro Team ,,
9 Thalmann Roland Team Vorarlberg Santic ,,
10 Cattaneo Mattia Androni Giocattoli - Sidermec ,,

De Ben Gastauer koum als 55. mat engem Retard vun iwwer 8 Minutten an d'Zil.

Generalklassement no der drëtter Etapp

1 Sivakov Pavel Team Sky 11:27:08
2 Hirt Jan Astana Pro Team 0:08
3 Cattaneo Mattia Androni Giocattoli - Sidermec 0:23
4 Majka Rafał BORA - hansgrohe 0:35
5 Geoghegan Hart Tao Team Sky 0:37
6 Nibali Vincenzo Bahrain Merida 0:39
7 Pernsteiner Hermann Bahrain Merida 1:01
8 Thalmann Roland Team Vorarlberg Santic 1:08
9 Vlasov Aleksandr Gazprom-RusVelo 1:24
10 Masnada Fausto Androni Giocattoli - Sidermec 1:35

Am Generalklassement läit de Lëtzebuerger op der 45. Plaz mat engem Retard vu bal 16 Minutten.