Och op der 4. Etapp vum Tour of the Alps ännert sech näischt un der Dominanz vun der Ekipp Sky.

No den 134 Kilometer vu Baselga di Pinè op Cles huet op en Neits den Tao Geoghegan Hart (Sky) d'Etapp gewonnen. Zäitgläich kommen den Italiener Vincenzo Nibali an de Rafal Majka aus Polen op d'Plazen 2 an 3.  Op d'Plaz 4 kënnt de Pavel Sivakov (Sky), deen domat och de Leader am General bleift. Hei huet hie 27 Sekonnen Avance op säin Teamkomerod Tao Geoghegan Hart an 31 Sekonnen op de Rafal Majka. De Ben Gastauer kënnt op déi 45. Plaz op 6 Minutten a 24 Sekonnen. Am General läit de Lëtzebuerger op der 43. Plaz op 22 Minutten a 17 Sekonnen.

Vu 4 Etappe konnt d'Ekipp Sky ganzer 3 gewannen. Zweemol stoung de Geoghegan Hart ganz uewen um Podium an eemol de Pavel Sivakov. Just e Mëttwoch op der 3. Etapp huet mam Fausto Masnada een Net-Sky-Coureur gewonnen.

Klassement vun der 4. Etapp

1 Geoghegan Hart Tao Team Sky 3:26:32
2 Nibali Vincenzo Bahrain Merida ,,
3 Majka Rafał BORA - hansgrohe ,,
4 Sivakov Pavel Team Sky ,,
5 Froome Chris Team Sky 0:40
6 Cattaneo Mattia Androni Giocattoli - Sidermec ,,
7 Vlasov Aleksandr Gazprom-RusVelo ,,
8 Dupont Hubert AG2R La Mondiale ,,
9 Bizkarra Mikel Euskadi Basque Country - Murias ,,
10 Hirt Jan Astana Pro Team ,,

General no der 4. Etapp

1 Sivakov Pavel Team Sky 14:53:40
2 Geoghegan Hart Tao Team Sky 0:27
3 Majka Rafał BORA - hansgrohe 0:31
4 Nibali Vincenzo Bahrain Merida 0:33
5 Hirt Jan Astana Pro Team 0:48
6 Cattaneo Mattia Androni Giocattoli - Sidermec 1:03
7 Vlasov Aleksandr Gazprom-RusVelo 2:04
8 Carboni Giovanni Bardiani - CSF 2:30
9 Froome Chris Team Sky 2:34
10 Bilbao Pello Astana Pro Team 2:39