Beim Festival Elsy Jacobs huet sech e Freideg den Owend d'Hollännerin Demi Vollering d'Victoire am Prolog geséchert.

Beim Festival Elsy Jacobs huet d'Demi Vollering aus Holland e Freideg den Owend de Prolog iwwer 2,7 Kilometer zu Garnech gewonnen. Si hat e Virsprong vu 6 Sekonnen op d'Lisa Brennauer aus Däitschland an der 8 Sekonnen op d'Riejanne Markus aus Holland.

D'Christine Majerus ass um Freideg den Owend déi 12. ginn an hat e Réckstand vun 16 Sekonnen op d'Gewënnerin.

D'Gewënnerin vun e Freideg, Demi Vollering / © Val Wagner

D'Klassement vum Prolog

1 Vollering Demi Parkhotel Valkenburg 4:17
2 Brennauer Lisa WNT-Rotor Pro Cycling 0:06
3 Markus Riejanne CCC - Liv 0:08
4 Reusser Marlen WCC Team 0:10
5 Hammes Kathrin WNT-Rotor Pro Cycling 0:12
6 Koppenburg Clara WNT-Rotor Pro Cycling ,,
7 Fahlin Emilia FDJ Nouvelle Aquitaine Futuroscope 0:13
8 Banks Elizabeth Bigla Pro Cycling ,,
9 Christian Anna Drops ,,
10 Koch Franziska Mexx - Watersley International WCT 0:15
...
12 Majerus Christine Luxembourg 0:16
19 Faber Claire Luxembourg 0:22
26 Maes Elise Andy Schleck Cycles DT 0:28
98 Berton Nina Luxembourg 0:53
106 Wiltgen Pia Luxembourg 1:13
107 Maus Laetitia Luxembourg 1:25

Am Livestream

De Festival Elsy Jacobs geet nach bis e Sonndeg. Dir kënnt déi eenzel Etappen all Dag am Livestream op RTL.lu kucken.