D'Echappée sollt et net packen, ma eng Chutte zum Schluss huet et och de Sprinterekippe schwéier gemaach.

Eng laang Etapp, bei där sech 3 Leit un d'Spëtzt gesat hunn. Si sollten awer net duerchkommen, esou datt d'Sprinterekippen zum Schluss un der Spëtzt dominéiert hunn. Dat awer just bis 6 Kilometer viru Schluss, wou eng Chutte aus dem Peloton vill kleng Gruppe gemaach hunn. Am éischte Grupp, wou och de Maglia rosa dra war, konnt sech de Richard Carapaz duerchsetzen.

De Bob Jungels koum mat engem zweete Grupp iwwert d'Linn, dat 18 Sekonnen hannert dem Gewënner. De Lëtzebuerger hat no der Chutte missten de Vëlo wiesselen. Domadder mécht hien e Sprong an d'Top 10 op d'Plaz 9. De Ben Gastauer hat e Retard vun iwwer 3 Minutten a koum als 82. iwwert d'Arrivée.

Weider Fotoe vum Giro d'Italia fannt Dir op pressphoto.rtl.lu.

VIDEO: Giro d'Italia: 4. Etapp
Eng laang Etapp, bei där sech 3 Leit un d'Spëtzt gesat hunn. Si sollten awer net duerchkommen, esou datt d'Sprinterekippen zum Schluss un der Spëtzt war.

Presentatioun vun der Etapp

235 Kilometer laang, e puer kleng Koppen awer gréisstendeels Flaach, eng Montée vun der 4. Kategorie no 32,8 Kilometer. Zum Schluss eng kuerz Montée, wou awer e Sprint kéint d'Course entscheeden.

De Resumé vun der Etapp

3 Coureuren hu sech am Ufank vun der Course op de Wee gemaach, fir eventuell dës Etapp ënnert sech auszemaachen. De Frapporti (ANS), Maestri (BRD) a Cima (NIP) sinn direkt beim Start fortgefuer an haten direkt vun Ufank un e staarken Tempo drop. No 9 Kilometer hate si bal 6 Minutten Avance, no 13 Schonn eppes iwwer 8. Dono ass den Tempo e bëssi erofgaangen, ma hir Avance awer weider liicht geklommen. Op der Kopp vum Manciano hate si 11 Minutten an 43 Sekonnen op de Peloton, deen nach bis op 12:35 eropgaangen ass.

Dono huet de Peloton ugefaangen, Tempo ze maachen an ass lues, awer sécher, un déi 3 un der Spëtzt erukomm. 90 Kilometer virun der Arrivée louch hir Avance nach bei 9 Minutten, 50 Kilometer viru Schluss waren et nach eppes iwwer 4 Minutten a 45 Sekonnen. Hir Virsprong ass da kuerz nach eng Kéier op iwwer 6 Minutte gaangen, ma dono huet de Peloton den Tempo nach eng Kéier ugezunn. 25 Kilometer viru Schluss waren nach knapp 2 Minutten tëscht Peloton an Echappée.

Aus dem Trio gouf en Duo un der Spëtzt, dat 20 Kilometer viru Schluss, de Cima konnt net méi mat den aneren 2 mathalen. Den Ofstand op de Peloton war do nach eng Minutt an 19 Sekonnen. Eng 10,5 Kilometer virun der Arrivée war et dunn eriwwer an d'Spëtzt gouf agefaangen. Den Tempo am Peloton war héich, esou datt ëmmer nees verschidde Leit hu misste lassloossen.

Et war e bëssen eng speziell Finall, obwuel et e Sprint ass, war dësen an enger klenger Montée. 6,3 Kilometer virun der Arrivée am éischten Drëttel vum Peloton, just hannert dem Bob Jungels, ënnert anerem sinn den Dumoulin an den Izagirre matgefall. Och de Lëtzebuerger war vun der Chutte betraff, hien huet awer just säi Vëlo misst wiesselen. Esou waren un der Spëtzt nach just e puer Coureure mat dobäi, hannert hinnen méi kleng Gruppen.

Béid Lëtzebuerger haten et net an de Spëtzegrupp gepackt an haten esou och net méi vill mam Ausgang vun der Etapp ze dinn. De Leader vum Giro konnt awer am éischte Grupp bleiwen. Hei gouf sech e bëssi ze laang bekuckt an de Carapaz (MOV) huet d'Situatioun ausgenotzt. Hien ass erausgefuer, huet e puer Meter Ecart kritt, an ass esou och als Éischten iwwert d'Linn komm. Kuerz hannert him dann och de Roglic, deen domadder sech nees e puer Sekonnen am Generalklassement op déi aner Top Coureure konnt sécheren.

D'Resultater vun der Etapp

De Giro d'Italia op Twitter