E Mëttwoch ass et op der 5. Etapp vum Giro d'Italia iwwer 140 Kilometer vu Frascati op Terracina gaangen.

Déi ganz Etapp iwwer huet et gereent an et ware keng einfach Konditioune fir d'Coureuren. D'Jury hat dowéinst decidéiert, datt nom éischte Passage op der Arrivée eng 10 Kilometer virun der Arrivée d'Course géing neutraliséiert ginn, esou dass alleguerten d'Coureuren déi selwecht Zäit opgeschriwwe kruten. Och de Bob Jungels an de Ben Gastauer.

D'Favoritten hu sech doduerch op de leschte Kilometer zeréckgehalen. D'Sprinter-Ekippen dogéint hunn den Tempo héichgehalen. Um Enn konnt sech de Pascal Ackermann vu Bora-Hansgrohe déi zweete Victoire bei dësem Giro sécheren. Op déi zweete Plaz ass de Fernando Gaviria vun der Ekipp UAE Team Emirates gefuer.

Am General huet de Primoz Roglic 35 Sekonnen op de Simon Yates. De Bob Jungels ass den 9. mat engem Retard vun 1 Minutt an 2 Sekonnen. De Ben Gastauer huet ee Retard vun iwwer 8 Minutten.

No der 5. Etapp net méi mat dobäi ass den Tom Dumoulin. Den Hollänner war en Dënschdeg an eng Chute verwéckelt an huet um Mëttwoch schonn no e puer Kilometer missen opginn.

Weider Fotoe vum Giro d'Italia fannt Dir op pressphoto.rtl.lu.

Giro d'Italia: Ackermann wënnt 5. Etapp
Cyclissem Video News

Presentatioun vun der Etapp

© Screenshot

No dräi laangen Deeg um Stéck, stoung um Mëttwoch eng méi kuerz Etapp um Programm. Um 5. Dag ass et iwwer 140 Kilometer vu Frascati op Terracina gaangen. Och wann nëmmen ee Bierg vun der 4. Kategorie bei Kilometer 87 um Programm stoung, war et net ganz esou einfach. Virun allem den Ufank vun der Etapp war hiwweleg an esou stoungen awer nach1200 Héichtemeter um Mëttwoch um Programm.

De Resumé vun der Etapp

Bei ganz schlechtem Wieder sinn d'Coureuren e Mëttwoch de Mëtteg zu Frascati un den Depart vun der 5. Etapp gaangen. Op den éischte Kilometer huet sech direkt e Spëtzegrupp vu 5 Mann un der Spëtzt forméiert. Mat dobäi waren de Louis Vervaeke (Team Sunweb), den Umberto Orsini (Bardiani-CSF), den Enrico Barbin (Bardiani-CSF), den Ivan Santaromita (Nippo Vini Fantini-Faizane) an de Miguel Florez (Androni Giocattoli-Sidermec).

D'Sprinterekippe hunn der Echappé gréng Luucht ginn, esou datt sech déi 5 konnten ofsetzen. 94 Kilometer virun der Arrivée hat si e Virsprong vun 1 Minutt an 38 Sekonnen.

An der eenzeger Schwieregkeet vum Dag, engem Bierg vun der 4. Kategorie eng 50 Kilometer virun der Arrivée, huet de Louis Vervaeke den Tempo erhéicht a konnt sech esou vu senge Kompatrioten aus der Echappé ofsetzen. De Belsch vun der Ekipp Sunweb huet sech vun do un eleng a Richtung Arrivée gemaach. Déi aner 4 Coureure goufen agefaangen.

34 Kilometer virun der Arrivée hat de Vervaeke e Virsprong vun 1 Minutt an 22 Sekonnen op de Peloton, wou d'Sprinter-Ekippe fir den Tempo gesuergt hunn.

Wéinst de schlechte Wiederkonditiounen an den naasse Stroossen huet de Jury wärend der Etapp decidéiert, datt beim éischte Passage op der Arrivée d'Zäit vun de Coureure scho geholl gëtt. D'Punkten an d'Zäitbonifikatioune sinn awer ganz zum Schluss eréischt verdeelt ginn.

21 Kilometer virun der Arrivée gouf de Vervaeke vum Peloton agefaangen.

D'Sprinterformatiounen hunn op de leschten 10 Kilometer den Tempo héichgehalen an hu probéiert, fir hie Sprinter esou gutt wéi méiglech a Positioun ze bréngen. D'Favoritten op de General hu sech zeréckgehalen, fir kee Risiko anzegoen an enger eventueller Chute aus dem Wee ze goen.

Um Enn konnt sech de Pascal Ackermann vun der Ekipp Bora-Hansgrohe d'Victoire am Sprint sécheren. De Fernando Gaviria an den Arnaud Démare sinn op d'Plazen zwee an dräi gefuer.

Am General huet de Primoz Roglic 35 Sekonnen op de Simon Yates. De Bob Jungels ass den 9. mat engem Retard vun 1 Minutt an 2 Sekonnen. De Ben Gastauer huet ee Retard vun iwwer 8 Minutten.

D'Resultater vun der Etapp

De Giro d'Italia op Twitter