E Sonndeg huet sech de Fransous Paul Lahaye no 130,9 Kilometer zu Dippech d'Victoire beim Grand-Prix Bob Jungels geséchert.

De Loïc Bettendorf huet aus Lëtzebuerger Siicht zu de grousse Favoritten vum Grand-Prix Bob Jungels gezielt. Och dobäi war den Hollänner Hidden Van Veenendaal, deen dëst Joer Paris-Roubaix bei de Juniore gewanne konnt. Am Ganze stounge fir d’Junioren eng 130,9 Kilometer, dat heescht 11 lokal Tier ronderëm Dippech um Menu.

Vun Ufank u gouf séier gefuer an et koum zu éischten Acceleratiounen, ouni awer een Impakt op de Pak ze hunn. D’Editioun 2019 vun der Course wier vum Niveau hir Equivalent zu de Joeren virdrun, sot de President vum UC Dippech, den Henri Jungels. De Grand-Prix Bob Jungels ass a bleift eng héichklasseg international Course fir d’Junioren, déi eben zu Éiere vum Bob Jungels gefuer gëtt.

No knapp 20 Kilometer, konnt sech den Irlänner Kevin McCambridge alleng aus dem Stëbs maachen. Séier krut de Coureur aus der Ekipp NRPT-Vitus Chill 30 Sekonnen Virsprong vum Peloton zougestanen. Hannen am Pak hu virun allem belsch an hollännesch Ekippe fir Tempo gesuergt. D’Lëtzebuerger, ënnert anerem de Loïc bettendorf, de Mik Esser, de Jacques Gloesener, den Tom Paquet  an de Mats Wentsel waren ëmmer nees an den éischte Positioune vun deem Pak zeréckzefannen. De Virsprong vum Kevin McCambridge ass dann och geklommen a loung tëschenduerch bei 52 Sekonnen. Wéinst der héijer Vitesse vum Peloton, déi an der éischter Stonn bei 42,3 Stonnekilometer loung, huet de Pak un Unitéite verluer. Bei Kilometer 47 sollt awer dunn d’Aventure vum Kevin McCambridge eriwwer sinn.

Aus lëtzebuerger Siicht huet sech virun allem de Loïc Bettendorf ëmmer nees gewisen, deen et dann och probéiert huet sech an eng Echappé ze schläichen, ma ouni Succès. 11 Mol hunn d’Coureure missten den Holzemer eropfueren, dee fir vill Zäitofstänn am Peloton gesuergt huet. No 70 Kilometer, konnte sech du 6 Leit duerch d’Bascht maachen. Trastour, Alves, Strik, Laleu, Coqueret an de Beer. Kee Lëtzebuerger allerdéngs an deem Spëtzegrupp. Wéinst dem héijen Tempo, hunn iwwerdeems 3 Leit misste lassloossen, ier vun hanne 5 weider Coureure konnten opschléissen. E 9-Mann staarke Grupp ass op déi leschten 8 Kilometer gaangen. Kuerz virum leschte Kilometer, konnt sech de Fransous Paul Lahaye liicht ofsetzen, fir um Enn d’Course ze gewannen, viru sengen 2 Compatrioten Timothée Laleu an Simon Rifflet. Beim Ausrulle vun deenen éischte Coureuren, koum et dann och zur enger Chute, wou awer kengem eppes schlëmmes geschitt ass. Beschte Lëtzebuerger goufen den Tom Paquet als 17. an de Loïc Bettendorf ass als 25. ukomm.

De Gran-Prix Bob Jungels ass deemno eng gutt Méiglechkeet fir d’Lëtzebuerger, fir sech virum eegene Public ze presentéieren. Den UC Dippech wënscht sech dann och datt de Bob Jungels beim Giro d’Italia mat enger Top-10-Plazéierung ofschléisst.