Vum 5. bis den 9. Juni ass déi 79. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg. Fir den Optakt gëtt nees ee Prolog gefuer, deen allerdéngs liicht geännert gouf.

Den Depart ass elo ënnen an der Péitruss, sou datt een ouni gréissere Schwong muss de Breedewee eropfueren.

D'Kinneksetapp geet samschdes vu Munneref op Dikrech mat Arrivée uewen um Härebierg, iwwert dee virdru schonn zwee Passagë sinn.

Dëst Joer si keng World-Tour-Ekippe mat dobäi, d'Organisateuren erhoffe sech heiduerch awer eng méi animéiert Course mat vill manner Taktik, wéi wa grouss Ekippen de Peloton kontrolléieren.

Ganz nei ass och, datt den Tour op der Tëlee wäert iwwerdroe ginn, dir kënnt also d'Etappen op RTL live suivéieren.