E Mëttwoch war den Optakt vum 89. Tour duerch d'Belsch. Op der 1. Etapp goung et iwwer 183,4 flaach Kilometer vu Sint-Niklas op Knokke-Heist.

Den Hollänner Jan-Willem van Schip war um Enn dee Stäerksten. De Coureur vun der Ekipp Roompot-Charles hat op der Ligne d'Arrivée 4 Sekonne Retard op den Tim Merlier vu Corendon-Circus an de Fabio Jakobsen vun der Ekipp Deceuninck-Quick Step. Den Alex Kirsch koum op der Etapp op déi 108. Plaz mat engem Retard vu 6 Sekonnen op de Gewënner.

De Jan-Willem van Schip setzt sech domat och am Generalklassement un d'Spëtzt, wou den Hollänner elo 15 Sekonnen Avance huet op den Tim Merlier a 17 Sekonnen op de Fabio Jakobsen. Hei ass de Lëtzebuerger Coureur den 109. op 23 Sekonnen.

Klassement vun der Etapp

1 van Schip Jan-Willem Roompot - Charles
2 Merlier Tim Corendon - Circus  0:04
3 Jakobsen Fabio Deceuninck - Quick Step  ,,
4 Taminiaux Lionel Wallonie-Bruxelles  ,,
5 Jans Roy Corendon - Circus  ,,
6 Philipsen Jasper Belgium  ,,
7 Soete Daan Pauwels sauzen - Bingoal  ,,
8 Van Asbroeck Tom Israel Cycling Academy  0:06
9 Marit Arne Belgium ,,
10 Barbier Rudy Israel Cycling Academy ,,

Generalklassement no der Etapp

1 van Schip Jan-Willem Roompot - Charles
2 Merlier Tim Corendon - Circus 0:15
3 Jakobsen Fabio Deceuninck - Quick Step 0:17
4 Debruyne Glenn Cibel ,,
5 Dernies Tom Natura4Ever - Roubaix Lille Métropole 0:18
6 Taminiaux Lionel Wallonie-Bruxelles 0:21
7 Jans Roy Corendon - Circus ,,
8 Philipsen Jasper Belgium ,,
9 Soete Daan Pauwels sauzen - Bingoal ,,
10 Van Asbroeck Tom Israel Cycling Academy 0:23