Domat ass den Dennis och den éischte Leader beim 83. Tour duerch d'Schwäiz.

Um Samschdeg stoung déi éischten Etapp vun der 83. Editioun vum Tour duerch d'Schwäiz um Programm.

Beim Zäitfueren iwwert 9,5 Kilometer konnt sech de Rohan Dennis duerchsetzen, a sech soumat och déi éischte Plaz am General sécheren.

Um Enn hat den Dennis eng Avance vu 15 Honnertstel op de Maciej Bodnar an 1 Sekonn an 72 Honnertstel op de Michael Matthews.

Aus lëtzebuerger Sicht hat de Kevin Geniets bei der Arrivée déi 30-beschten Zäit a war domat 25 Sekonne méi lues ewéi de Vainqueur.

Klassement vun der Etapp:

1 DENNIS Rohan (TBM) 0:10:50,23
2 BODNAR Maciej (BOH) 0:00:00,15
3 MATTHEWS Michael (SUN) 0:00:01,72
4 KRAGH ANDERSEN Søren (SUN) 0:00:02
5 ASGREEN Kasper (DQT) 0:00:02
6 CRADDOCK G Lawson (EF1) 0:00:05
7 SAGAN Peter (BOH) 0:00:07
8 BEVIN Patrick (CCC) 0:00:08
9 KÜNG Stefan (GFC) 0:00:09
10 SCULLY Thomas (EF1) 0:00:11
...
30 GENIETS Kevin (GFC) 0:00:25