Am General ass et de Jakob Fuglsang, dee sech virun der leschter Etapp um Sonndeg de Maillot vum Leader iwwerzéie konnt.

Op der 7. Etapp am Critérium du Dauphiné stoungen um Samschdeg schwéier 133,5 Kilometer mat net manner ewéi 4 schwéier Bierger um Programm.

Am Col de Marcieu, engem Bierg vun der éischter Kategorie, waren et den Alexey Lutsenko an de Michael Woods, déi sech vum Grupp vun de Favoritten ofsetze konnten, éier et de Lutsenko duerno alleng probéiert hat.

Nodeems sech weider Coureuren dem Spëtzegrupp uschléisse konnten, war et de Nairo Quintana, deen et 11 Kilometer virun der Arrivée als éischte Favorit probéiert hat. De Kwiatkowski konnt dem Mann aus Kolumbien als Eenzegen nofueren, ma kuerz duerno sollte si awer erëm vum Grupp agefaange ginn.

Gutt 2 Kilometer virun der Arrivés war et eng Attack vum Jakob Fuglsang, déi de Grupp ausernee rappe sollt.

Um Enn war et de Wout Poels, deen déi stäerkste Been hat, a sech esou d'Victoire séchere konnt. Zweete gouf de Jakob Fuglsang, deen elo och neie Leader am General ass, déi drëtte Plaz war fir den Emanuel Buchmann.

De Jakob Fuglsang huet elo eng Avance vun 8 Sekonnen op den Adam Yates.

D'Klassement vun der Etapp

1 WOUT POELS (TEAM INEOS) 04H 01' 34''
2 JAKOB FUGLSANG (ASTANA PRO TEAM) + 00H 00' 01''
3 EMANUEL BUCHMANN (BORA - HANSGROHE) + 00H 00' 01''
4 THIBAUT PINOT (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 10''
5 DANIEL MARTIN (UAE TEAM EMIRATES) + 00H 00' 10''
6 ADAM YATES (MITCHELTON - SCOTT) + 00H 00' 10''
7 ROMAIN BARDET (AG2R LA MONDIALE) + 00H 00' 13''
8 TEJAY VAN GARDEREN (EF EDUCATION FIRST) + 00H 00' 16''
9 DYLAN TEUNS (BAHRAIN - MERIDA) + 00H 00' 30''
10 BJORG LAMBRECHT (LOTTO SOUDAL) + 00H 00' 34''

De General:

1 JAKOB FUGLSANG (ASTANA PRO TEAM) 27H 36' 40''
2 ADAM YATES (MITCHELTON - SCOTT) + 00H 00' 08''
3 TEJAY VAN GARDEREN (EF EDUCATION FIRST) + 00H 00' 20''
4 EMANUEL BUCHMANN (BORA - HANSGROHE) + 00H 00' 21''
5 WOUT POELS (TEAM INEOS) + 00H 00' 28''
6 DYLAN TEUNS (BAHRAIN - MERIDA) + 00H 00' 32''
7 THIBAUT PINOT (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 33''
8 ALEXEY LUTSENKO (ASTANA PRO TEAM) + 00H 01' 12''
9 STEVEN KRUIJSWIJK (TEAM JUMBO - VISMA) + 00H 01' 20''
10 DANIEL MARTIN (UAE TEAM EMIRATES) + 00H 01' 21''